arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Et wier net alles optimal gelaf, seet den Ëmweltminister iwwer Warnunge wéinst Damp

LU-Alert wéinst Damp

|
reading time

1 min

Et wier net alles optimal gelaf, seet den Ëmweltminister iwwer Warnunge wéinst Damp

Et hätt ee verschidde Saache kenne besser maachen, et wier vläicht net alles optimal gelaf. Dat sot den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes an engem RTL Interview no enger éischter Analys vun der Regierungskommunikatioun iwwer d‘Dampentwécklung beim Feier an den Hautes Fagnes an der Belsch.

reading time

1 min

© European Union
(Foto: European Union)

Et wier een de Weekend vun engem neie Phänomen iwwerrascht ginn, esou de Minister bei de Kolleege vun RTL. Déi aktuell Zenarien, fir op d‘Belaaschtung vun der Loft ze reagéieren, wieren op den Trafic am stättesche Raum an op d‘Industriepollutioun zougeschnidden.

Et misst elo eng Kéier d‘Analys gemaach ginn, wéi een och op Evenementer, wéi esou e Feier, reagéiert. Ënner anerem géif iwwerluecht ginn, fir Miessstatioune fir Fäistebs am Norde vum Land opzeriichten, esou de Minister. Do ginn et der bis ewell keng.