Vun 9 op 11 Stonne geet de Congé politique an den awunnerméisseg klengste Gemenge vum Land erop, also deene wou manner wéi dausend Leit wunnen.
Duerno geet et jee no Bevëlkerung ëm zwou oder véier Stonne Congé politique erop. Mee grad an dësen, méi klenge Gemenge wier sech eng méi staark Erhéijung vum Congé politique gewënscht ginn, seet den Emile Eicher.
Léon Gloden setzt weider Ännerungen an Aussiicht
Ënnert anerem well do kaum Spezialist:inne fir déi ënnerschiddlech Theme géife schaffen. Do wiere Buergermeeschter:innen a Schäffe quasi fir alles zoustänneg. Si missten och méi Präsenz och bei klenge Problemer weisen.
Doru kéint sech nach eppes änneren, betount den Inneminister Léon Gloden. Am Kader vun enger Reform vum Statut als élu local wiere Gespréicher amgaangen. Ënner anerem iwwer eng Sozialofsécherung vu Gemengeresponsabelen, Schäffen a Gemengerot. An deem Kontext
„Wéi definéiere ma an Zukunft d’Incompatibilitéiten, an an deem Kontext well ech och nach eng Kéier mam Syvicol driwwer schwätzen, fir de Congé politique och bei deene klenge Gemengen ënner anerem unzepassen.“
Decisioun kënnt net iwwerraschend
De Congé politique ze erhéijen ass eng jorelaang Fuerderung vum Gemengesyndikat Syvicol. D’Matdeelung vum Inneminister wier deemno net iwwerraschend komm, esou den Emile Eicher.
Opgrond vun der ëmmer méi grousser Komplexitéit vum Buergermeeschter:inne-Poste wier et wichteg méi Aarbechtsstonnen zur Verfügung ze hunn, esou den Emile Eicher.
„Ech denken do zum Beispill an de ganzen Deel vum Aménagement Communal, do muss ee jo an Tëschenzäit extrem vill Kompetenz hunn, net nëmme fachlech Kompetenz.“
Och den Inneminister erhofft sech vun dëser Adaptatioun, datt d’Buergermeeschter:innen hir Missioune besser kënnen ëmsetzen a méi Zäit fir d’Bierger:innen hunn, esou de Léon Gloden op eis Nofro hin.