Radioen

On air

9 bis 1  |  Flo Morrissey, Matthew E. White - Thinking Bout You

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Héichwaasser an Däitschland: Zuel vun Doudesaffer klëmmt op 5

Bayern

Héichwaasser an Däitschland: Zuel vun Doudesaffer klëmmt op 5

Bei der Héichwaasserkatastroph a Süddäitschland koumen zwee weider Mënschen ëm d‘Liewen. Zu Schorndorf a Baden-Württemberg goufe gëschter d‘Läiche vun engem Mann an enger Fra an engem iwwerschwemmte Keller vun engem Haus fonnt.

auto_stories

1 min

Pompjee Däitschland | © picture alliance/dpa | Jason Tschepljakow
Foto: picture alliance/dpa | Jason Tschepljakow

Domat ass d'Zuel vun Doudesaffer beim aktuellen Héichwaasser op op d'mannst fënnef geklommen, nodeems a Bayern schonn zwou Persounen ëm d‘Liewe koumen, dorënner ee Pompjee. Et weidere Pompjee gëtt nach ëmmer vermësst.

A Bayern verlageren d'Iwwerschwemmunge sech weider an den Osten. Zu Regensburg an zu Rosenheim, südlech vu München, gouf den Noutstand ausgeruff.

Zu Passau ass den Niveau vun der Donau hënt iwwer 9 Meter geklommen. Vun 8,50 Meter u muss een dem Héichwaasserdéngscht no mat gréisseren Iwwerschwemmunge rechnen.

D'Wiederwarnunge goufen iwwerdeems elo all opgehuewen. Et wier elo kee staarke Ree méi an den Héichwaassergebidder ze erwaarden, esou den däitsche Wiederdéngscht.