Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Héichwaasser an Däitschland: Virleefege Bilan bleift bei 5 Doudesaffer

Situatioun bleift ugespaant

Héichwaasser an Däitschland: Virleefege Bilan bleift bei 5 Doudesaffer

D‘Héichwaasser-Situatioun an der Donau-Regioun am Süde vun Däitschland an an anere Länner bleift ugespaant. Besonnesch betraff sinn elo nach e puer Stied un der Donau a Bayeren.

auto_stories

1 min

Héichwaasser Bayern Donau | © picture alliance/dpa | Armin Weigel
Foto: picture alliance/dpa | Armin Weigel

Zu Neu-Ulm gouf eng Fra no 52 Stonnen aus engem Bam gerett. Si war zanter e Sonndeg vermësst ginn a war op e Bam geklomme fir sech virum Héichwaasser a Sécherheet ze bréngen.

D'Landesregierung a Bayern huet finanziell Hëllefe fir Betraffener vu bis zu 100 Milliounen Euro decidéiert.

De virleefege Bilan vun den Affer bei Iwwerschwemmungen a Süd- a Südwest-Däitschland läit bei 5 Doudegen.