arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Haut an engem Joer gëtt a Frankräich gewielt, de Jean-Luc Mélenchon (LFI) kandidéiert

Frankräich

|
reading time

1 min

Haut an engem Joer gëtt a Frankräich gewielt, de Jean-Luc Mélenchon (LFI) kandidéiert

De Walkampf a Frankräich fänkt un an d'Rullen ze kommen, virun allem d'Annoncë vun de Kandidaturen. Ënner anerem de fréieren Inneminister Bruno Retailleau (Les Républicains), de fréiere Premier Édouard Philippe (Horizons), an de Jean-Luc Mélenchon hunn hir Kandidatur annoncéiert.

reading time

1 min

De Leader vun der lénkspopulistescher Partei La France Insoumise huet seng Kandidatur gëschter Owend am Journal op TF1 ugekënnegt. Säin Haaptgéigner bei de Presidentewale wier de Rassemblement National, sot hien. Et gëtt déi véiert Kandidatur vum 74-Joer ale Jean-Luc Mélenchon. Hien hat och schonn 2012, 2017 an 2022 fir d‘Presidentielle kandidéiert.  

Aussergewéinlech vill Kandidaturen

Elo scho geet een dovun aus, datt esou vill Kandidature wéi nach ni era wäerte kommen. Souwuel bannent de lénke Parteien, wéi och bannent de rietse Parteien ginn et Iwwerleeungen, fir sech zesummen ze dinn, fir datt net ee Kandidat deem anere vum selwechte Bord d'Stëmme klaut. 

Déi gréisste Chancen, den nächste franséische President ze stellen, huet Sondagen no de rietsextreeme Rassemblement National. Onkloer ass awer, wie fir d'Partei untriede wäert. 

Lauschtert hei d'Erklärunge vun eisem Korrespondent Max Tholl