arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Handelskammer gesäit d'Enn vum bekannte Wirtschaftsmodell zu Lëtzebuerg

Avis fir de Staatsbudget

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Handelskammer gesäit d'Enn vum bekannte Wirtschaftsmodell zu Lëtzebuerg

Kënnt d’Enn vum Lëtzebuerger Wirtschaftsmodell? Dës Fro stellt d’Chambre de Commerce an hirem Avis zum Projet fir de Staatsbudget 2026. Déi Lëtzebuerger Wirtschaft géif et de Moment net méi fäerdeg bréngen, besser ze performéieren, wéi déi an den Nopeschlänner, esou nach d'Handelskammer.

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow
© Serge Kesseler
(Foto: Serge Kesseler)

De Generaldirekter vun der Chambre de Commerce Carlo Thelen fënnt iwwerdeems, datt de Sozialmodell a Fro gestallt wier.

"Dat ass e bëssen an deem Sënn d'Enn vum Wirtschaftsmodell, wéi mer e bis elo kannt hunn, och wa mer nach reegelméisseg glécklecherweis e puer gutt Nouvellen hunn a bei Startuppen a verschidde Betriber. Et ass awer och d'Enn vum Lëtzebuerger Pragmatismus e bëssen an d'Enn och vum Sozialmodell duerch eng CGTiséierung vun der Gewerkschaftszeen."

Ënnert CGTiséierung versteet de Carlo Thelen eng staark Influence duerch déi franséisch Gewerkschaft CGT hei zu Lëtzebuerg. D'CGT hätt aner Methoden, wéi ee se hei am Land gewinnt gewiescht wier.

"Dovu sinn awer Elementer mengen ech zu Lëtzebuerg och e bëssen eriwwer geschwappt, wat mer net ganz gutt fannen. Och datt elo u sech keen Dialog an der Tripartite méi do ass."

Dozou géif nach kommen, datt et zu Lëtzebuerg schwiereg wier Reformen duerchzeféieren. Dat och, well d'Gewerkschaften aus dem ëffentlechen Déngscht sech géint néideg Ännerunge stäipe géifen, esou nach de Carlo Thelen.

Trotzdem misst an der Sozialpartnerschaft dru geschafft ginn Léisungen ze fannen, fënnt de Generaldirekter vun der Handelskammer.

"Déi Pensiounsreform, dat ass ee Beispill, wou mer natierlech net frou sinn, wat do eraus komm ass. Dat geet bei Wäitem net duer. Et war villäicht dës Kéier net méi méiglech."

Net wéi d'Nopeschlänner ginn

Et misst een onbedéngt nees méi Croissance zu Lëtzebuerg schafen, soss wier de Lëtzbuerger Modell wierklech a Fro gestallt, esou de Carlo Thelen. Et wéilt een net zu engem Land wéi Frankräich, Däitschland oder d’Belsch ginn, déi blockéiert wieren. An deem Kontext huet de Carlo Thelen och op de Plang vun der belscher Regierung reagéiert, fir d’Gehälterindexéierung fir déi nächst dräi Jore bei 4.000 Euro ze limitéieren.

"D’Belsch, déi hunn awer eng gutt Propos gemaach. Si wëllen den Index bis 4.000 Euro de Mount deckelen. Ech mengen dat wier jo mol eng super Nouvelle, wa mer dat hei zu Lëtzebuerg fäerdeg bréngen. Dann hätte mer eppes Guddes vun der Belsch geléiert."

"Lëtzebuerg: E Land vu Kontrolleuren, Inspekteren a Regulateuren"

Lëtzebuerg wier zu engem Land vu Kontrolleure ginn, vun Inspekteren, Regulateuren a vu Beamtentum, huet de Carlo Thelen gesot. D’Politik hätt Schwieregkeete géint dëse System am Staatsapparat unzekommen. 

D’Handelskammer kritiséiert och, datt den Ënnerscheed tëschent der Progressioun vun der Realwirtschaft an der Progressioun vun den ëffentlechen Ausgaben ee Rekordniveau erreecht hätt.

Net zefridde mat der Besteierung

Wat d’Besteierungs-Situatioun hei am Land ugeet, ass d’Chambre de Commerce der Meenung, datt bis elo net vill fir d’Entreprisë gemaach gi wier. Och mat der ugekënnegter weiderer Reduktioun vum Taux vun der Kierperschaftssteier ëm ee Prozentpunkt vun 2027 un, léich Lëtzebuerg nach ëmmer am leschten Drëttel an Europa, esou de Carlo Thelen.

Bréissel gëtt säin "OK" fir de Budget

Wärend d’Lëtzebuerger Patronat de Projet vum Staatsbudget fir d’nächst Joer kritiséiert, ass Bréissel mam Budgetsprojet vun der CSV-DP-Koalitioun averstanen. D’EU-Kommissioun deelt mat, datt Lëtzebuerg d’nächst Joer mat de geplangte Staatsdepensen an deem Beräich léich, dee Bréissel virginn huet.

play_arrow Lauschteren