Hamas wéilt iwwer Friddensplang vum Trump negociéieren
D’Hamas wier prett fir iwwer de Friddensplang vum Donald Trump ze negociéieren a lescht oppe froen ze klären, heescht et vun der Terrororganisatioun, nodeems si ugekënnegt huet, de proposéierte Friddensplang deelweis ze acceptéieren a bereet ze sinn, Geisele fräizeloossen.
Palästinenser mussen aus der Stad Gaza eraus, wéinst den israeelesche Bombardementer (Foto: EPA/MOHAMMED SABER)
An deem Schreiwes geet d‘Hamas awer net drop an, datt si komplett d’Waffe sollen nidderleeën an och net op aner Konditiounen, déi de Plang vum Donald Trump virgesäit.
Israel mellt, et géif ee mat der Offensiv an der Gazasträif viru fueren. Déi israeelesch Arméi rifft och d‘Populatioun op net zeréckzekommen.