Déi identifizéiert Läich wier de Fotograf Ronen Engel aus dem Kibbuz Nir Oz, dat deelt de Forum fir d’Famillje vun de Geisele mat.
De Grenziwwergang zu Rafah tëschent der Gazasträif an Ägypten soll iwwerdeems bis op Weideres zou bleiwen. Dat huet den israeelesche Premier Benjamnin Netanjahu matdeele gelooss.
USA warne virun Hamas-Ugrëff
D‘Hamas weist d‘Virwërf vun den USA, sech net un d‘Wafferou-Ofkommes ze halen, vu sech a widdersprécht dem US-Ausseministère, dee behaapt hat, et géife kloer Berichter iwwer geplangten Attacke virleien. Et géif sech hei ëm falsch Behaaptungen handelen, déi am Aklang mat der israeelescher Propaganda stéingen, heescht et an engem Schreiwes vun der Hamas.
D‘USA hat virun onmëttelbar geplangten Attacke vun der Hamas op d‘Populatioun an der Gazasträif gewarnt – dat trotz dem Wafferou-Ofkommes. Sollt d‘Hamas effektiv d‘Attacken duerchféieren, géif ee Mesuren ergräifen, fir d‘Mënschen ze schützen an d‘Wafferou oprecht ze erhalen. Doriwwer hätt een d‘Vermëttlerstaaten Ägypten, Katar an Tierkei och schonn informéiert, sou nach den US-Ausseministère zu Washington.
Israeelesch Loftugrëff op de Süde vu Gaza
Israeelesch Medie berichten, datt Israel Ziler am Süde vu Gaza ugegraff huet. Ausléiser soll e Verstouss géint d’Wafferou sinn – israeelesch Truppe wiere ugegraff ginn.