arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Hamas iwwergëtt eng weider Läich

Noen Osten

|
headphones

1 min

Hamas iwwergëtt eng weider Läich

D‘Terrororganisatioun Hamas huet d‘Läich vun enger weiderer israeelescher Geisel un den internationale Comité vum Roude Kräiz iwwerreecht. Dat huet déi israeelesch Arméi matgedeelt.

headphones

1 min

Mataarbechter:inne vum Roude Kräiz kommen do u wou Memberen vun der Al-Qassam Brigarde (dem militäreschen Deel vun der Hamas) no de Läichen vun den israeelesche Geisele sichen, Hamad Stad, Khan Younis de 17. Oktober 2025 | © EPA/HAITHAM IMAD
Mataarbechter:inne vum Roude Kräiz kommen do u wou Memberen vun der Al-Qassam Brigarde (dem militäreschen Deel vun der Hamas) no de Läichen vun den israeelesche Geisele sichen, Hamad Stad, Khan Younis de 17. Oktober 2025 (Foto: EPA/HAITHAM IMAD)

Mataarbechter:inne vun der Hëllefsorganisatioun wieren an der Gazasträif mam Sarg um Wee fir d‘Iwwergab un d‘Arméi. Sollt Israel d‘Identitéit vun der Läich confirméieren, da misst d‘Hamas nach weider 18 doudeg Geiselen iwwerreechen.

Dat ass Deel vun der éischter Phase, vum Friddensplang, deen den Donald Trump proposéiert hat.