D'Propos soll op ee Plang vum US-Emmissär Steve Wittkoff zeréckgoen. Deemno soll et eng 60 Deeg laang Ënnerbriechung vun de Kämpf, a weider Verhandlungen iwwer een dauerhafte Waffestëllstand ginn. Ausserdeem solle weider israeelesch Geisele géint palästinensesch Prisonéier getosch ginn.
Den israeelesche Sécherheetscabinet hat rezent eng Erweiderung vum Krich an der Gazasträif decidéiert. Virgesinn ass ënner anerem, datt Gaza-City komplett besat gëtt.