D’Vir- an d’Haaptronn, déi bis elo gespillt goufen, hätte gewisen, datt jidderee géint jidderee konnt gewannen, seet de Marc Breser, Trainer vum Hären-Champion Déifferdéng.
Effektiv ass keng Ekipp bei dëser Europameeschterschaft ouni Néierlag bliwwen.
An der Preparatioun hunn déi Däitsch zweemol géint d’Kroate gewonnen. Mee Kroatien wier elo besser wéi an den Testmatcher, fënnt de Marc Breser. Wéi dee Match ausgeet, hänkt senger Meenung no, vun der Dagesform of.
"Déi Däitsch, déi och staark gespillt hunn an dëser EM, déi och méi e breede Kader hunn, wat een och mierkt, dass een do méi kann dréinen. Fir mech ass dee Match op."
Dänemark klore Favoritt vum Marc Breser
Beim Match Dänemark géint Island géif et da vun der Defense ofhänken. Säi Favoritt wieren awer d‘Dänen.
"D’Islänner, déi sech dann awer e bësse schwéier gedoen hunn an hire Matcher, d’Dänen haten e klenge Stolperer an der Virronn, hunn dono awer relativ souverän dat Ganzt gespillt."
Den Trainer vun de Red Boys Déifferdéng bleift fir d’Final vun e Sonnden och bei sengem Tipp, datt de grousse Favorit Dänemark déi Europameeschterschaft doheem gewënnt.