Den Hacker-Grupp „ShinyHunters“ huet an engem Onlineforum geschriwwen, déi geklauten Donnéeën – dorënner Kreditkaarten-Detailer - fir ëmgerechent 460.000 Euro wëllen ze verkafen.
D’Noriichtenagence AFP huet Ticketmaster kontaktéiert, an huet bis elo kee Kommentar zu dësem Fall kritt.