Déi zwee huelen op Grond vu Quoteplazen, respektiv op Grond vu Krittäre vum COSL un de Spiller deel, déi e Freiden 8 Deeg ufänken.
De Matthieu Osch ass domat fir d’drëtt an d’Gwyneth Ten Raa fir d’zweet bei Olympesche Wanterspiller dobäi.
Lëtzebuerg ass op den Olympesche Wanterspiller zu Mailand a Cortina d’Ampezzo an Italien mat zwee Athleete vertrueden. Dem Gwyneth Ten Raa an dem Matthieu Osch. Alle béid sinn alpin Schileefer. Dat huet den nationalen olympesche Comité COSL per Communiqué matgedeelt.