Radioen

On air

Palatino FM  |  Palatino FM

play_arrow Live
search

/ Guy Wagner: "Protektionismus ass grondsätzlech net gutt fir d'Bourssen"

Wirtschaft

Guy Wagner: "Protektionismus ass grondsätzlech net gutt fir d'Bourssen"

D'Reaktioun vun de Finanzmäert op dem Donald Trump seng Douanestaxe war kloer an däitlech: Op de wichtegste Boursse weltwäit goung et gëschter just Bierg of. Op déi Manéier hu vill Acteure Sue verluer, sief et grouss Investissementsfongen, mee och déi einfach Leit. Wat soll een elo maachen: Verkafen, oder Gedold hunn?

auto_stories

3 min

headphones

9 min

© Banque de Luxembourg play_arrow
(Foto: Banque de Luxembourg)

Den Handelssträit tëschent den USA an dem (quasi) Rescht vun der Welt suergt op de Finanzplaze fir Chaos. Egal op London, Tokio oder och an Amerika selwer: D’Reaktioun op dem US-President seng Douanespolitik ass drastesch.

Nach ass näischt "Dramatesches" geschitt

De Guy Wagner, Chief Investment Officer vun der Banque de Luxembourg, réit am 100,7-Interview de klengen Investisseuren dozou, d’Situatioun ofzewaarden. D’Marchéë sinn aktuell nervös, a sou séier wéi et erof gaangen ass, esou séier kann et och nees erop goen. Um Dënschdegmoie loung d’Bourse a Japan beispillsweis mat 6 Prozent am Plus.

“Also an deem Sënn gëtt et am Moment esou eng Onsécherheet, datt et effektiv ganz schwéier ass elo Decisiounen ze huelen. Dat muss ee sech bewosst sinn: Et huet een am Fong am Moment ganz wéineg Visibilitéit.”

Ob een elo näischt maache soll, oder eventuell a Saachen investéiere soll, déi an de leschte Stonne staark verluer hunn, misst ee cas par cas kucken, esou de Guy Wagner. Allgemeng misst een d’Situatioun awer relativiséieren. Den Ekonomist nennt d’Beispill vum amerikaneschen Index, deen zënter sengem Héchststand ongeféier 18 Prozent verluer huet.

“Dat ass scho relativ vill. Op där anere Säit muss een et relativiséieren doduerch, datt d'Marchéen och déi lescht Jore relativ vill geklomm sinn. Dat heescht, mat där Baisse si mir nach nëmme just erëm op deem Niveau, wou mir plus ou moins am Abrëll d'lescht Joer waren. Also an deem Sënn ass elo nach näischt esou Dramatesches geschitt.”

Amerikaner fille sech onfair behandelt

An trotzdeem misst ee sech och bewosst sinn, datt een an den USA eng Aart “changement de paradigme” gesäit, esou de Guy Wagner. Et stéing ee virun enger neier Ära, déi a priori “net extreem gutt fir d’Marchéen ausgesäit”.

Den Chief Investment Officer vun der Banque de Luxembourg deelt och d’Impressioun, datt d’US-Amerikaner grondsätzlech der Meenung sinn, datt d’Tariffer eng gutt Saach fir déi amerikanesch Wirtschaft sinn,

“Si si fundamental der Meenung, datt d'Aart a Weis, wéi de Welthandel organiséiert ass, an all déi Accord-de-libre-échangen, datt dat onfair ass fir d'Amerikaner.”

Wann et also wierklech an déi Richtung géif goen, datt d’Tariffer net renegociéiert ginn, da wier dat ganz schlecht fir d'Bourssen, betount de Guy Wagner: “Wa mir elo erëm méi an eng Richtung Protektionismus ginn, ass dat grondsätzlech net gutt fir d'Bourssen”.

De Risiko, datt et zu engem “Crash” vun de Boursse kéint kommen, wier aktuell och present. D’Onsécherheet op de Finanzmäert kéint och séier zu enger Rezessioun féieren, esou nach de Guy Wagner.

Lauschterenplay_arrow