Konkret viséiert seng Kritik zum Beispill de Video-Arbitrage oder déi ëmmer méi staark Dominanz vun takteschen Iwwerleeungen, déi dat kreatiivt Spill ënnerdrécken.
Eng Natioun schléisst hien do awer aus. An et ass och déi Natioun, där hien e Sonndeg den Titel wënscht.
"Ech hoffe Spuenien, well ech e Spuenie-Fan sinn, an ech géif och mengen, datt si et verdéngt hunn. Well dee Fussball, dee si de Leit proposéieren, weisen, spillen, deen ass attraktiv.“
Héich Stécker op de spueneschen Trainer
Déi spuenesch Ekipp géif nach probéiere Goler ze schéissen an net op en Zoufall waarden.
De Guy Hellers hält och deck Stecker op de Coach vun der Furia Roja, de Luis de la Fuente. Esou wéi hie seng Ekipp spille léisst, hätt Respekt verdéngt. Dobäi géif hien och vill Spiller aus senger fréiere Jugendaarbecht kennen.