De stiermesche Wand, deen an der Nuecht ofgeholl hat, soll haut erëm opkommen. Et sinn deemno och weiderhin honnerte Pompjeeën am Asaz. Bei de Bränn gouf et bis elo een Doudesaffer – eng 60 Joer al Fra, déi sech net rette konnt, esou griichesch Medien.
Lescht gréng Long vun Athen verbrannt
Zu Athen hu vill Leit Masken ugedoe fir sech virum Damp ze schützen. Ronn honnert Quadratkilometer wieren éischte Schätzungen no verbrannt – dorënner och ee Bëschgebitt, wat als eng vun de leschte grénge Longe vun Athen gegëllt huet. Och etlech Haiser sinn ofgebrannt oder si beschiedegt ginn. D‘Regierung huet dofir een éischten Hëllefsplang op d‘Bee gestallt fir deene Betraffene séier ze hëllefen.