Déi rietsextreem Protestaktiounen haut si geplangt viru Flüchtlingsheemer oder nach viru Cabinete vun Affekoten, déi sech fir d’Rechter vun Asyldemandeuren asetzen.
500 Plazen a Prisonge fräi
Déi englesch Justizministesch Shabana Mahmood schwätzt vun inakzeptabelen Dreeunge géint e ganze Beruffsstand. Si warnt déi Leit déi bei de rietsextreemen Demonstratioune matmaachen, si géife festgeholl gi, genee sou wéi déi ronn 400 déi bis ewell scho festgeholl gi sinn.
Et wieren iwwerdeems nach iwwer 500 Plaze fräi an de Prisongen, ënnersträicht déi brittesch Regierung.
Eng Rei Länner warnen hir Staatsbierger:innen an England
Nieft enger ganzer Rei anere Länner, wéi beispillsweis Nigeria, Indonesien oder nach Australien, huet haut och China seng Landsleit gewarnt. Souwuel chineesesch Bierger:innen déi an England wunnen, oder do Vakanz maachen, sollen op hir Sécherheet oppassen an déi Plaze vermeiden, wou Krawallen ugekënnegt sinn.
Beméiunge fir d'Sécherheet vu betraffene Communautéiten
Déi brittesch Regierung hat gëscht Owend op en Neits hire Krisecomité zesummegeruff. De Premier Keir Starmer, deen zanter ronn engem Mount am Amt ass, huet de moslemeschen an deenen anere Communautéiten, déi vu Rietsextreme viséiert sinn, versprach, datt fir hir Sécherheet géif gesuergt ginn.
Bis ewell waren Heemer fir Flüchtlingen a Moscheeë cibléiert, Autoen a Gebaier sinn a Brand gestach ginn. Sécherheetspersonal ass verletzt ginn, an Dosende Asazkräfte vun der Police si verletzt ginn.
Krawalle berouen op falschen Informatiounen
Hannergrond vun de rietsextreeme Protester si Falschinformatiounen iwwert de Profil vum presuméierten Täter vun der Messerattack d’lescht Woch bei där 3 Kanner gestuerwe sinn.
An de soziale Medie gouf d‘Gerücht verbreet de presuméierten Täter wier een Asyldemandeur mat moslemeschen Hannergrond. D‘Autoritéiten hunn dat formell dementéiert. De 17-Joer ale Verdächtege wier a Groussbritannie gebuer. D‘Motiv vun der Messerattack bleift onkloer.