Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Roy Haynes Quartet - Long Wharf

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Grouss Majoritéit vun EU-Memberlänner seet: Wëllkomm zeréck Polen

EU-PROZEDUR SOLL OPGEHUEWE GINN

Grouss Majoritéit vun EU-Memberlänner seet: Wëllkomm zeréck Polen

D’Europäesch Kommissioun huet wëlles, an den nächsten Deeg déi sougenannten Artikel-7-Prozedur opzehiewen, déi viru sechs Joer géint Pole lancéiert gouf. Ee Land ass domat net d’accord: Ungarn reprochéiert Bréissel, mat zweeërlee Mooss ze miessen an d’Argument ass net vun der Hand ze weisen.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

© picture alliance / NurPhoto | Jaap Arriens play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Jaap Arriens

D’Europäesch Unioun setzt grouss Hoffnungen an deen neie polnesche Regierungschef Donald Tusk. Zanter Mëtt Dezember ass hien de Chef vun enger neier Regierung, nodeems Polen aacht Joer laang vun der rietsnationaler PIS-Partei regéiert gouf.

EU-Länner sinn dofir, d‘Prozedur opzehiewen

Schonn am Februar hat déi Europäesch Kommissioun ganz positiv op een Aktiounsplang reagéiert, deen den Donald Tusk a seng Ekipp presentéiert haten, fir ënner anerem d’Justizreform vun der Virgänger-Regierung nees réckgängeg ze maachen. Et wier nach vill ze dinn, hat deemools déi zoustänneg EU-Kommissärin Vera Jourova gesot.

Bis haut sinn zwar net vill vun deene Punkten ëmgesat, an awer steet d’Decisioun vun der Kommissioun fest: D’Prozedur nom Artikel 7 soll opgehuewe ginn.

Dat wier, esou déi belsch Hadja Lahbib, eng "Erliichterung fir déi polnesch Bevëlkerung an am Fong eng Victoire fir d’Europäesch Unioun“.

D’Belsch huet den Ament d’EU-Presidence an déi aner Memberlänner gefrot, d’Propos vun der Kommissioun ze ënnerstëtzen. Dofir gouf et gëschter deen néidege Support.

Ungarn: D‘EU-Kommissioun huet duebel Standarden

Et goufe Fortschrëtter a Pole gemaach, an déi wieren och visibel, huet zum Beispill déi éisträichesch EU-Ministerin Karoline Edtstadler erkläert.

Ungarn, géint dat och esou eng Prozedur leeft, sollt sech hei eng Scheif ofschneiden an och déi néideg Schrëtt ënnerhuelen, ënnersträicht de finnesche Minister fir EU-Affären, den Anders Adlerdreutz.

Zu Budapest awer, fält d’Reaktioun ganz anescht aus.Dee fir d’EU zoustännege Minister schwätzt vun engem Cadeau fir Pole kuerz virun den Europawalen a vun duebele Standarde vun der Kommissioun. An engem Bréif un d’Kommissioun freet de Janos Boka no de Krittären, déi hei applizéiert goufen. D’Äntwert vun der zoustänneger EU-Kommissärin ass net ganz iwwerzeegend.

Polen hätt konkret Schrëtt annoncéiert. D‘Vera Jourovae gëtt dee méi héije Vertrauensniveau tëschent Kommissioun a Regierung als dee wichtegste Grond un.

Diskussioun iwwer de Lëtzebuerger Rapport

Gëschter stoung zu Bréissel de Lëtzebuerger Rapport iwwer de Rechtsstaat zur Diskussioun. Doranner krut de Grand-Duché ënner anerem Hausaufgaben am Beräich vum Transparenzregëster oder dem Accès op ëffentlech Dossiere mat op de Wee. Ënner anerem doriwwer gouf et an engem net ëffentlechen Debat Froe vu verschiddene Länner. D’Justizministerin Elisabeth Margue huet Stellung geholl a fënnt deen Austausch sënnvoll.

"Déi Reformen, déi mir zu Lëtzebuerg mat der Verfassungsreform op de Wee bruecht hunn, entspriechen deene Standarden, déi musse garantéiert sinn an engem Rechtsstaat. Do ass et scho flott, wann een dann och kann awer mat engem positive Message kommen a soe kann: Mir hunn all déi dote Reformen iwwer déi lescht Jore gemaach.“

Wat Polen ugeet, huet sech Lëtzebuerg iwwerdeems der Positioun vun de Benelux-Länner ugeschloss. D’Aarbecht wier nach net gemaach, déi néideg Reforme missten effektiv kommen, heescht et an der Stellungnam. D’Kommissioun soll ee Monitoring maachen an déi polnesch Regierung soll och reegelméisseg de Conseil informéieren.

Lauschterenplay_arrow

 An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.