arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Grenziwwergank Rafah bleift bis op d’mannst e Mëttwoch zou

Noen Osten

|
headphones

1 min

Grenziwwergank Rafah bleift bis op d’mannst e Mëttwoch zou

D’israeelesch Autoritéiten hunn decidéiert de Grenziwwergank Rafah tëschent der Gazasträif an Ägypte bis e Mëttwoch inclus wäert zou bleiwen. Och den Accès fir humanitär Hëllef soll reduzéiert ginn. Dat well nach net alleguer d’Läiche vun de Geisele vun der Hamas un Israel iwwergi goufen.

headphones

1 min

Camionen vun der humanitärer Hëllef um Grenziwwergank Rafah tëschent Ägypten an der Gazasträif | © EPA/STRINGER
Camionen vun der humanitärer Hëllef um Grenziwwergank Rafah tëschent Ägypten an der Gazasträif (Foto: EPA/STRINGER)

D‘Iwwergab vun de verstuerwenen Hamas-Geisele kéint Deeg oder Wochelaang daueren, esou den internationale Kommitee vum roude Kräiz. Et wier zum Deel schwiereg, fir se ënnert den Trümmer ze lokaliséieren, esou ee Spriecher.

Et wier och net ausgeschloss, datt verschidde Läichen ni fonnt géife ginn. D‘Hamas huet bis ewell eréischt 4 vun am Ganzen 28 doudege Geiselen zeréck ginn.

Trotz der neier Wafferou an der Gazasträif wieren iwwerdeems dräi Mënsche bei enger israeelescher Attack an der Stad Gaza ëm d‘Liewe komm. Dat mellt déi palästinensesch Noriichtenagence. Déi israeelesch Arméi huet matgedeelt, datt e puer Persounen ze no un israeelesch Posten erukomm wieren an eng Bedroung duergestallt hätten.