D’Pläng fir dës Siidlung géife scho laang am Tirang leien, ma wéinst der politescher Brisanz hätt sech bis elo nach keng israeelesch Regierung getraut de Projet ëmzesetzen.
Bewosst Provokatioun
Dat ass mat der aktueller Regierung an där déi extremistesch Siidler selwer vertruede sinn allerdéngs anescht, esou d‘Noostexpertin Bente Scheller vun der Heinrich Böll Stiftung vu Berlin. Am 100,7-Interview huet si vun enger bewosster Provokatioun geschwat.
Anerersäits wier et awer och en Test, wéi wäit Israel kéint goen.
Fir de Finanzminister Bezalel Smotrich géif et sech einfach ëm israeeleschen Terrain handelen, dee misst zeréckeruewert ginn, esou d‘Expertin.
E fait accompli
Sollt de Projet realiséiert gi wier de Westjordan gespléckt, e Land dat elo schonn duerch eng sëlleg Checkpoints gedeelt ass. D‘Iddi vun engem onofhängege Palästinenserstaat wier dee Moment esou gutt wéi begruewen.
E fait accompli also un deem héchstens internationalen Drock nach eppes kéint änneren. Ma d‘Verhandlunge schleefen an dat géif wuel bewosst a Kaf geholl ginn, wat tragesch wier souwuel fir d‘Populatioun an der Gazasträif an am Westjordan, ewéi och fir déi israeelesch Geiselen, esou nach d‘Bente Scheller.