arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gréng Kaart an Zukunft och digital

Regierungsrot

|
headphones

1 min

Gréng Kaart an Zukunft och digital

An Zukunft sollen Assurancen déi gréng Kaart – déi hautzedaags wäiss ass - an elektronescher Form ausstellen dierfen. Nieft der Pabeierversioun dierfen Administratioune vum 1. Januar un, och digital Attestatioune vu Lëtzebuerger an auslänneschen Automobilisten ugeholl a kontrolléiert ginn.

headphones

1 min

Weider huet de Regierungsrot de Gesetzesprojet fir den Ausbau vum Tram tëschent der Stäreplaz an dem CHL guttgeheescht. Deemno gesäit den Text de Finanzement fir d‘Extensioun vun der Tramslinn laanscht d‘Arelerstrooss fir.

De Regierungsrot huet dann  och nach ee Gesetzesprojet guttgeheescht deen Ännerungen am Logement virgesäit. Ënner anerem ass en neie Forfait virgesinn, fir indirekt Käschte bei der Entwécklung vu Projete fir bezuelbare Locatiounswunnraum ze decken.

Dernieft soll den TopUp fir eng Renovatioun an eng energeetesch Sanéierung eropgesat ginn – vu 15 op 30 Prozent – an Ausnamefäll och bis op 40 Prozent.