D’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet en Donneschdeg annoncéiert, datt se net ewéi geplangt haut géif mat de Mercosur Länner, Brasilien, Argentinien, Uruguay, Paraguay deen Accord ënnerschreiwen. Een neie Rendez-vous gouf elo op den 12. Januar fixéiert.
Ënner anerem Greenpeace protestéiert géint de Mercosur-Accord.
Anhale vun EU-Standarde problematesch
Mat deem kéinten nämlech virun Allem méi bëlleg Agrarproduiten an d’EU importéiert ginn, dobäi kommen d’Problemer beim Anhale vun den EU-Standarde bei der Produktioun.
A Frankräich an Italien ginn et Protester ënner anerem vun de Baueren déi eng deloyal Konkurrenz fäerten. De Gauthier Hansel, vu Greenpeace Lëtzebuerg, erkläert, datt de Mercosur-Accord virun allem den Handel vu Fleesch, Pestiziden an anere Produiten erhéicht, déi ee katastrophalen Impakt op Ëmwelt a Gesellschaft hätten.
"Et ça aurait des lourdes conséquences à la fois pour la forêt amazonienne, mais aussi pour le climat, les droits humains et les petites exploitations agricoles européennes."
Fir nohalteg Handelsbezéiungen
Et géif e sech net géint internationalen Handel stellen. Mee et géif een Handelsbezéiunge fuerderen, déi nohalteg sinn an a Kohärenz sti mat de Klimaziler vun der EU a Lëtzebuerg, esou de Gauthier Hansel.
Deen Accord Mercosur misst an der EU iwwert eng qualifizéiert Majoritéit ugeholl ginn. Am Europäesche Conseil misste 15 Länner vu 27 derfir sinn, déi 65 Prozent vun der Populatioun duerstellen. Véier Länner kënnen eng Minorité de blocage duerstellen, sollten hir Fuerderungen net erfëllt ginn.
Greenpeace Lëtzebuerg hat eng Entrevue mat engem héije Beamten aus dem Ausseministère, fir ze erkläre firwat Lëtzebuerg sech misst géint deen Accord Mercosur positionéieren.
Op där anerer Säit hofft Däitschland wéinst dem Automobilmarché op een Accord mat de Mercosur Länner. Virun Allem elo wou d’USA, duerch d’Douanestaxen, d’Importer vun EU-Gidder ofbremsen.