Radioen

On air

Trendscheif  |  Nala Sinephro - Continuum 7

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kritik um Ausgang vun der Weltplastikkonferenz

Ëmwelt

Kritik um Ausgang vun der Weltplastikkonferenz

D’Konferenz ass e Sonndeg ouni Accord op en Enn gaangen. Dat kritiséiert och den neien Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg, de Xavier Turquin. Ouni eng Reduktioun vun der Plastikproduktioun kéint een ni eng Léisung oder een Accord erreechen.

auto_stories

1 min

Verknaschtung duerch Plastik | © picture alliance / Eibner-Pressefoto | Ingo Schulz / Eibner-Pressefoto
Foto: picture alliance / Eibner-Pressefoto | Ingo Schulz / Eibner-Pressefoto

Och déi fréier Ëmweltministesch Joëlle Welfring weist sech enttäuscht, awer net iwwerrascht iwwer den Ausgang vun der Weltplastikkonferenz a Südkorea.

"Wann natierlech d'Pëtrolslobby seet, dass net de Plastik de Problem ass, mee den Offall, dat erënnert ganz staark un dat, wat d'lescht Joer an der Klima-COP gesot ginn ass, wou gesot gouf, dass net d'Pëtrolsprodukter de Problem sinn, mee hir Verbrennung."

Delegéiert aus 170 Länner hunn un der UN-Konferenz géint de Plastiksoffall zu Busan deelgeholl. Zil war ee verbindlecht Ofkommes fir d'Plastikverschmotzung weltwäit ze reduzéieren. Dozou koum et awer net.

Fir Lëtzebuerg war den Thomas Schoos, Conseiller am Ëmweltministère, zu Busan. D'Vertrieder:innen aus den iwwer 170 Länner hu sech zu Busan a Südkorea drop gëeenegt, d'Diskussiounen d'nächst Joer weiderzeféieren.