arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Green Events: E Logo fir nohalteg Evenementer

Nohalteg feieren

|
headphones

2 min

headphones

11 min

play_arrow

Green Events: E Logo fir nohalteg Evenementer

Grad elo am Summer si vill Festivallen uechter D'Land. Dackssinn esou Evenementer net ganz ëmweltfrëndlech an et entsteet vill Offall. D'Isabelle Schummer vum Oekozenter beréit Organisateuren am Kader vum Projet Green Events, wéi si méi nohalteg kënne ginn.

headphones

2 min

headphones

11 min

play_arrow

Festivallen an och soss Veranstaltunge sinn heefeg net ganz ëmweltfrëndlech organiséiert an et entseet vill Offall duerch Eewee-Becheren, Pabeierstelleren oder Plastiksfläschen. D'Isabelle Schummer vum Oekozenter beréit d'Organisateuren am Kader vum Projet Green Events, wéi si den ekologesche Foussofdrock vun hire Veranstaltunge kënne reduzéieren.

Mehrweg-System fir Iessen a Gedrénks

Déi gréissten Erausfuerderung fir d'Organisateure wier et spullbar Mehrweg-System ze organiséieren. Fir de Green Event Logo ze kréien, mussen all d'Iessen a reutilisabelen Behälter verdeelt ginn, wéi d’Isabelle Schummer erkläert. 

Och wann dëst Mehrweg-Geschier ëmmer nach aus Plastik wier, wier d'Öko-Bilanz awer bei wäitem besser, einfach well et vill méi dacks a méi laang benotzt gëtt. "Wa Veräiner wëllen e Stock kafen", esou d’Beroderin, "da sti mer hinnen och zur Säite fir ze beroden a fir ze erklären, op wat se muss oppassen, wann ee lo wéilt seng eegene Bechere kafen.”

Biologesch Iesswueren

Déi aner Erausfuerderung fir d'Organisateure fir de Green Event Logo ze kréie wier, "datt regional Fairtrade a biologesch Iesswueren zerwéiert ginn" mussen. 

Wa Foodtrucks op enger Veranstaltung Iessen eraus ginn, da missten och dës déi Konditiounen erfëllen. Ee Logo fir d’Foodtrucks u sech gëtt et an der Form nach net.

Wann een de Logo als Organisateuren accordéiert kritt, dann huet een och e Subsiden an dem Kader ze gutt. "Wat een awer muss soen, et kritt een de Logo virum Event accordéiert, de Subsid awer eréischt nom Event”, esou d'Isabelle Schummer. Eeben nodeem gepréift ginn ass datt alles en règle war. 

Just nach ee Subside pro Associatioun

D'Basis-Subventioun vun 1.500 Euro, déi eng Associatioun soss pro Event konnt ufroen, gëtt elo just nach eemol ausbezuelt. Déi Subside wieren deemools als Ureiz an d'Liewe geruff gi, fir an Nohalteg Konzepter ze investéieren. An de leschte sechs Joer zënter, datt et de Projet Green Events gëtt hätt sech ganz vill gedoen. Nohalteg Produite wier méi accessibel an dofir wier een elo op de Wee gaangen de Subsid méi geziilt anzesetzen, esou d'Beroderin vum Oekozenter.

"An elo stellt sech effektiv d'Fro, ob een net soll d'Subside méi geziilt notzen, fir Groussveranstaltungen ze ënnerstëtzen oder fir d'Rahmebedingungen nach besser ze maachen."

Insgesamt ware bis dato 715 Eventer déi de Green Event Logo kritt hunn, esou nach d'Isabelle Schummer. An dësem Joer waren et der bis elo 140.

play_arrow Lauschteren