arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Google investéiert 5,5 Milliarden Euro an Däitschland

an den nächste Joren

|
headphones

1 min

Google investéiert 5,5 Milliarden Euro an Däitschland

Google investéiert an de nächste Jore 5,5 Milliarden Euro an Däitschland. Et wier déi bis elo gréissten Investitioun vum amerikaneschen Tech-Konzern an Däitschland, sot de Chef vu Google Däitschland.

headphones

1 min

Google | © picture alliance/dpa | Matthias Balk
Google (Foto: picture alliance/dpa | Matthias Balk)

D‘Sue solle virun allem an de Bau vun engem neien Datenzenter zu Dietzenbach bei Frankfurt fléissen. Geplangt ass och en Ausbau vum aktuelle Google Datenzenter zu Hanau an de Google Standuerter zu München, Frankfurt a Berlin.