Bei Mercedes ass de Benefice ëm bal 56 Prozent zeréckgaange par rapport zu den éischte 6 Méint zejoert, vu ronn 6 Milliarden Euro op nach 2,7 Milliarden Euro.
Bei Porsche war de Réckgang mat 71 Prozent nach méi däitlech. Deemno ass bei Porsche de Benefice an der éischter Joreshallschent op 718 Milliounen Euro gefall. An der selwechter Period zejoert waren et nach méi wéi 2 Milliarden Euro.
De Mammekonzern vu Porsche, VW, hat schonn d'lescht Woch staark Réckgäng beim Benefice gemellt.
Ënner de Grënn, déi déi däitsch Autoskonstrukteure fir dës Réckgäng nennen, sinn déi amerikanesch Douanestaxen an a weidere Réckgang vun de Venten a China.