Dëst ass de Stand vun Dënschdegmëtten. Am Verglach mat gëschter (19.08) ass dat eng Hausse vu ronn 20 Dollar pro Onz.
Zënter Ufank dës Mounts geet de Goldpräis staark an d‘Luucht. Grond sinn d‘Suerg virun enger weiderer Eskalatioun am Noen Osten an d‘Aussiicht op eng Zënsbaisse an den USA.