arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gläichstellungs-an Diversitéitsministesch fir Weltfraendag bei der UN zu New York

Fraerechter

|
headphones

1 min

Gläichstellungs-an Diversitéitsministesch fir Weltfraendag bei der UN zu New York

D‘DP-Gläichstellungs- an Diversitéitsministesch Yuriko Backes wäert op Weltfraendag fir véier Deeg op New York reesen, fir do un der 70. Sëtzung vun der UN-Kommissioun fir d‘Rechtstellung vun der Fra deelzehuelen. 

headphones

1 min

D'Defenseministesch Yuriko Backes bei der Aarbechtsvisitt vum NATO-Chef Mark Rutte dem 2. September | © SIP / Jean-Christophe Verhaegen
D'Defenseministesch Yuriko Backes bei der Aarbechtsvisitt vum NATO-Chef Mark Rutte dem 2. September (Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen)

D‘Ministesch gëtt vun dräi Deputéiert begleet: Der Mandy Minella (DP), dem Jean-Paul Schaaf (CSV) an der Barbara Agostino (DP).

Dëst Joer steet d‘Sëtzung ënnert dem Theema vum Zougank zur Justiz fir Fraen a Meedercher, der Eliminatioun vun diskriminéierende Gesetzer an der Iwwerwannung vu strukturelle Barriären.

D‘Yuriko Backes wäert ënner anerem eng Ried iwwer genderspezifesch Gewalt halen.