Radioen

On air

Notturno  |  Björk - Venus As A Boy

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ginn et nei Spuere vum Frank Schneider?

Recherchë vu reporter.lu

Ginn et nei Spuere vum Frank Schneider?

Zanter engem Joer ass de fréiere Geheimdéngschtmataarbechter Frank Schneider verschwonnen. Reporter.lu no féiere Spueren op Dubai an op Bali. D’Ana Angel huet beim Journalist vu Reporter.lu, dem Luc Caregari, nogefrot, wéi sech d'Recherche bis elo entwéckelt huet.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Frank Schneider | © WDR play_arrow
Foto: WDR

De Frank schneider kéint grad op deene béide Plaze sinn, spekuléiert de Luc Caregari. Dubai oder Bali. Eendeiteg Beweiser géifen et keng ginn.

Geldwäsch zu Dubai

Nodeems seng deemoleg Cheffin, d’Ruja Ignatova - zanter 2017 vum FBI wéinst Bedruch gesicht - verschwonne war, huet de Frank Schneider nach weider Operatiounen zu Dubai ënnerholl, huet de Luc Caregari rausfonnt.

"Hien huet nach weider fir OneCoin geschafft. Hien huet nach weider Fonge beweegt, Transaktioune gemaach, an héchstwarscheinlech 'allegedly' Geld gewäsch."

Och wiere si bei hire Recherchen op eng Telefonsnummer gestouss, déi op de Frank Schneider gemellt wier. Natierlech kéint een doduerch net sécher sinn, datt et och hie perséinlech wier, esou de Luc Caregari, mee et géifen awer och keng Beweiser dofir ginn, datt et hien net war.

"Et war scho bësse komesch, wéi mir do ugeruff hunn. Fir d'éischt mat eiser lëtzebuergescher Festnetznummer. Do si mir zweemol wechgedréckt ginn, zimmlech aggressiv. An dunn hu mir eng Stonn dono anonym probéiert, an do war d’Simkaart eraus geholl ginn."

Weder eng Äntwert vun Europol, nach vun Interpol

Och dem Frank Schneider seng Fra hätte si probéiert ze erreechen – ouni Erfolleg. Dat, well déi lescht Trace, déi et zanter dem Frank Schneider sengem Verschwanne viru ronn engem Joer gëtt, eng Transaktioun ass, vun den Undeeler vun engem Immobiliekomplex op Bali op den Numm Sophie Norman. Also seng Fra.

International ass just gewosst, datt de Frank Schneider vum FBI gesicht gëtt, bestätegt de Luc Caregari.

"Mir hu keng Äntwerte kritt dozou vun Europol, a keng vun Interpol. Also et gëtt keng 'red notice' fir de Frank Schneider vun deenen Agencen. Och vun de franséischen Autoritéiten hu mir probéiert wärend Wochen eng Äntwert ze kréien, ob si e Mandat d’arrêt géint hien hunn, well hien aus dem Hausarrest geflücht ass. Dorop sti mengen ech dräi Joer Prisong a Frankräich am Code pénal."

Och de radio 100,7 huet reegelméisseg bei der franséischer Justiz e Statement ugefrot – och ouni Erfolleg.

"Lëtzebuerg ënnerhëlt näischt, guer näischt"

Zu Lëtzebuerg heescht et, datt den FBI sech mat der Affär beschäftegt. Et wier kee Besoin do fir déi Lëtzebuerger Justiz, sech anzeschalten.

Eng vun de grousse Froen, déi fir Reporter.lu nach am Raum steet, ass déi, firwat Lëtzebuerg näischt ënnerhëlt.

"Wéi steet Lëtzebuerg eigentlech dozou, datt den deemolege Chef des operations vu sengem Geheimdéngscht éischtens kriminell ginn ass, zweetens sech selwer beschëllegt, drëttens vum FBI gesicht gëtt, a véiertens verschwonnen ass. Lëtzebuerg ënnerhëlt näischt, guer näischt."

De ganzen Artikle vu Reporter.lu fann Dir hei.

Lauschterenplay_arrow