Am grousse Ganze sinn d’Oppositiounsparteien domat averstanen, datt vun 2028 un aus den aktuelle Steierklassen 1, 1A an 2 eng nei, eenheetlech Steierklass soll ginn, déi sech un der aktueller Klass 1A orientéiert. Deemno soll all Persoun eenzel besteiert ginn an de Familljestand soll heibäi keng Roll méi spillen.
Gilles Roth ka Fuerderungen novollzéien
Positiv wier ënner anerem, datt den CSV-Minister Gilles Roth bei der Fuerderung a Saache Berücksichtegung vun de Kanner entgéint komm ass, a lo een “Abattement petite enfance” fir Leit mat Kanner ënner 3 Joer e Betruecht zitt, heescht et nach aus den Oppositiounsreien.
Op d’Fuerderung vun enger méi héijer Besteierung vun héije Revenuen, déi ënner anerem d’LSAP, déi gréng an déi Lénk abruecht hunn, ass de Minister awer net agaangen.
De Gilles Roth wëllt den Ament näischt um aktuelle Spëtzesteiersaz änneren an argumentéiert, datt de Standuert Lëtzebuerg attraktiv bleiwe misst. Hei misst hie sech och un de Koalitiounsaccord halen, esou den CSV-Politiker.
“Ech kann novollzéien, dass eng Rei Leit soen: 'Kuckt ob een net nach eng Tranche uewe sollt bäisetzen.' Ech muss awer och rationell soen, esou vill bréngt dat um Niveau vun den Einnamen net, dass ech kéint domadder de gesamte Pak géigefinanzéieren.”
Sam Tanson: Géigefinanzement bleift eng grouss Schwaachstell
De Gilles Roth bleift weider bei der Argumentatioun, datt d’Hallschent vun der Reform duerch d’Net-Uppasse vun der Steiertabell un den Index bis 2028 finanzéiert soll ginn. Dat bedauert d’Deputéiert vun déi gréng Sam Tanson.
“Do sot ech dem Finanzminister haut, dass ech eigentlech frou wier, wann de Finanzminister Gilles Roth heiansdo méi géif op dat lauschteren, wat den Oppositiounspolitiker Gilles Roth zu senger Zäit gefuerdert huet. Well hien notamment eeben och dofir agetrueden ass, dass zousätzlech Tranchë solle fir déi ganz héich d'Revenuen uewen an der Steiertabell kommen. Bon, dat geschitt elo hei net.”
Allgemeng wier de Géigefinanzement vun dëser geplangter Reform, dee sech op ronn 850 Milliounen Euro pro Joer beleeft, eng grouss Schwaachstell vum Projet, esou nach d’Sam Tanson.
Yves Cruchten: Käschtepunkt kënnt net am Staatsbudget vir
Där Meenung ass och den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten, dee kritiséiert, datt de Käschtepunkt net an dem Staatsbudget virkënnt.
“Dat fanne mir eigentlech net seriö. Dat mécht och dat Dokument vum Pluriannuel, dat mindert deem säi Wäert considerabel.”
Nach gëtt et keen Avant-projet de loi zu der Steierreform. Dee wéilt de Finanzminister Gilles Roth awer bis de 6. Januar presentéieren, fir dann um Enn vum nächste Joer den Text an der Chamber gestëmmt ka ginn, esou nach den CSV-Minister.