arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gilles Roth an 19 aner EU-Finanzministere wielen Eurogrupp-Chef

Finanzpolitik

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Gilles Roth an 19 aner EU-Finanzministere wielen Eurogrupp-Chef

Déi 20 Finanzministeren aus der Eurozon hunn d'Wiel tëschent zwee Kandidaten. De Lëtzebuerger Finanzminister Gilles Roth kandidéiert selwer net a wollt och am Virfeld net verroden, wiem hie seng Stëmm gëtt.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Gilles Roth | © European Union
Gilles Roth (Foto: European Union)

De Wiessel un der Spëtzt vum Eurogrupp war néideg ginn, well hiren aktuelle Chef, de Pascal Donohoe, virun dräi Wochen iwwerraschend seng Demissioun annoncéiert hat. 

Den Ir war eréischt am Juli fir een drëtt Mandat als Eurogrupp-Chef erëmgewielt ginn. Am November huet hien awer säi Posten als iresche Finanzminister opginn, nodeems hien als Directeur général vun der Weltbank mat Sëtz zu Washington nominéiert gi war.

Den interne Reegele vum Eurogrupp no gëtt duerno esou séier wéi méiglech een neie President gewielt.

De Belsch Van Peteghem an de Griich Pierrakakis si Kandidat

Déi 20 Finanzministeren aus der Eurozon hunn d’Wiel tëschent zwee Kandidaten.

Opgestallt hu sech de belsche Finanzminister a Vizepremier Vincent Van Peteghem an de griichesche Finanzminister Kyriakos Pierrakakis.

Alle béid gëlle si als Konservativer, wat d’Finanzpolitik ugeet. An hire Motivatiounsbréiwer hu si ganz änlech Prioritéiten uginn. Déi zwee Kandidate kommen aus Parteien, déi um EU-Niveau Member vun der Europäescher Vollekspartei sinn. Der EVP gehéiert zu Lëtzebuerg d’CSV un.

De Belsch Van Peteghem wëllt sech explizitt dofir asetzen, datt d’Bankenunioun gestäerkt gëtt. Der proposéierter Reform steet Lëtzebuerg deels kritesch géintiwwer.

De Vott haut um Donneschdeg kéint éischter enk ginn, well net kloer ass, wéi ee Land wie vun deenen zwee ënnerstëtzt. Decidéiert gëtt mat einfacher Majoritéit. Dat heescht, de Gewënner brauch 11 vun den 20 Stëmmen. 

De Vott ass geheim.

Gilles Roth kommunizéiert net iwwer de Vott

Wéi sech de Lëtzebuerger Finanzminister Gilles Roth wäert positionéieren, war am Virfeld net gewuer ze ginn.

De Minister géing zu dësem Zäitpunkt d‘Wiel vum President vum Eurogrupp net ëffentlech kommentéieren, krute mir op Nofro e Mëttwoch matgedeelt.

De Gilles Roth huet selwer keng Kandidatur gestallt, fir President vum Eurogrupp ze ginn.

Dat hat fir d’lescht vu Lëtzebuerger Säit de Pierre Gramegna gemaach. De fréiere Lëtzebuerger Finanzminister hat 2017 an 2020 probéiert Eurogrupp-Chef ze ginn.

Den DP-Politiker huet awer allkéiers net genuch Stëmme vun deenen anere Finanzminister zesummekritt.

De Pierre Gramegna ass zënter 2022 President vum Europäesche Stabilitéitsmechanimus" mat Sëtz zu Lëtzebuerg. 

 

play_arrow Lauschteren