Radioen

On air

Notturno  |  Adeline Hotel - Seeing Yourself Seen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gewerkschaften: Kollektivvertrag fir den Horeca-Secteur huet Prioritéit

Reaktioun op Horesca-Fuerderung

Gewerkschaften: Kollektivvertrag fir den Horeca-Secteur huet Prioritéit

D‘Gewerkschafte reagéiere kritesch op d‘Fuerderung vun der Horesca fir eng méi grouss Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäiten an d’Aféiere vun engem Aarbechtszäitkont. De Generalsekretär vun der Horesca, de Steve Martinelli, huet dat gëschter um Mëttwoch am 100,7-Interview suggeréiert.

auto_stories

2 min

© picture alliance / photothek | Ute Grabowsky

Fir esou een Aarbechtszäitkont awer kënnen anzeféiere muss fir d’éischt ee Kollektivvertrag fir de Secteur verhandelt ginn, betounen d’Gewerkschaften OGBL an LCGB.

Kollektivvertrag géing méi erlaaben

Esou ee Kollektivvertrag gëtt et am Horeca-Secteur nach net. Eppes, wat d’Gewerkschaften awer proposéiert hunn, betount den David Angel vum OGBL. Ouni Succès bis elo.

"An dass mir do bis elo ëmmer op daf Ouere gestouss sinn, dat ass natierlech e bëssen e Widdersproch elo, wann een op där enger Säit seet, mir brauchen en Zäitspuerkonto, an op där anerer Säit awer kee Kollektivvertrag wëll verhandelen."

Genau dofir wier ee Kollektivvertrag awer gutt, betount de Gewerkschaftler. Ee Kollektivvertrag géing et nämlech erlaben - elo schonn - wat d'Aarbechtszäiten ugeet, kreativ Usätz ze fannen, déi ganz kloer op Besoine vun engem spezifesche Secteur oder vun engem spezifesche Betrib kéinten agoen.

Gesetzer dacks net respektéiert

Zu Lëtzebuerg mussen déi representativ Gewerkschafte mat um Dësch sëtzen, wann iwwert ee Kollektivvertrag verhandelt gëtt. De Virstouss vum Aarbechtsminister, deen an Zukunft Kollektivvertragsverhandlungen ouni Gewerkschafte wëllt erméiglechen, hätt schonn een Afloss op d’Diskussiounen, betount de Robert Fornieri vum LCGB.

"Sur le fond, en fait, quand il y a des idées et des idéologies à débattre ou à discuter, par le passé on s'est quand même toujours mis à table et on discute ensemble et on voit ce qu'on peut faire. Dans le secteur de l'Horeca, avant de parler de flexibilité, il faudrait quand même regarder de faire respecter le cadre légal."

De Robert Fornieri ënnersträicht, datt d’Gewerbeinspektioun dacks misst intervenéieren, wëll d’Gesetzer an enger Rei Etablissementer net richteg géifen agehale ginn. An a punkto Aarbechtszäiten an de Restaurante ginn et elo schonn Ausnamen.

Fir d’Sonndesaarbecht kritt d’Personal kee Supplement vu 70 Prozent, wéi dat am Privatsecteur üblech ass. An d’Paus tëscht den zwee Servicer huet dacks eng Dauer vun 3 Stonnen, betoune béid Gewerkschaftler.