Mat hirer Kandidatur huet sech d'Lëtzebuerger Federatioun géint Schweden an Éisträich duerchgesat.
Schonn 2022 huet d’Lëtzebuerger Gym-Federatioun d’Team-Gym-EM organiséiert. 2025 dunn och d'Akrobatik-EM.
Den Turnsport duerch Tournoie promouvéieren
D’Ausdroe vun dësen Tournoien ass wichteg fir d’Promotioun vum Lëtzebuerger Turnsport, seet de Silvio Sagramola, Generalsekretär vun der FLGym am 100,7-Interview.
"Et ass wichteg den Turnsport aus där Nisch erauszehuelen, wou en awer ass. D'Leit associéieren net onbedéngt grouss spektakulär Momenter mat der Turnerei. Et ass e Sport, deen e bëssche komplizéiert ass."
Den Impakt vun den zwou Europameeschterschaften, déi een 2022 an 2025 ausgedroen hätt, wier awer do gewiescht.
"Datt mir vill Leit konnte fir den Turnsport interesséieren, déi virdrun eigentlech domadder näischt ze dinn haten. Et ass scho fir eis wichteg, dat doten als Promotiounskanal fir den Turnsport kënnen ze benotzen."
Och dëst Joer trëtt Lëtzebuerg mat enger Junior- a Seniorekipp bei der EM a Finnland un. Dëst ass eng Première, déi fir de Silvio Sagramola en Zeeche vum Erfolleg vum Team-Gym ass.