arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gewalt a Manipulatioun am Sport verhënneren: Nei Agence ALIS hëlt hir Aarbecht op

Sport

|
reading time

4 min

headphones

12 min

play_arrow

Gewalt a Manipulatioun am Sport verhënneren: Nei Agence ALIS hëlt hir Aarbecht op

Aus der ALAD, der Lëtzebuerger Antidoppingagence, gëtt vun haut un offiziell d'ALIS: Agence luxembourgeoise pour l'intégrité dans le sport. Net just den Numm huet geännert, mee et sinn och nei Aufgaben dobäikomm.

reading time

4 min

headphones

12 min

play_arrow
De Loïc Hoscheit | © Jo Diseviscourt
De Loïc Hoscheit (Foto: Jo Diseviscourt)

Bis ewell war d’ALAD just am Kampf géint den Dopping aktiv. Vun haut un ass dat awer anescht, wéi de Loïc Hoscheit, Direkter vun der neier ALIS, am 100,7-Interview erkläert.

D'Gewalt als gesellschaftleche Problem

Nieft dem Antidopping kommen zwee nei Aufgabeberäicher dobäi. Op där enger Säit de “Safeguarding”, also de Kampf géint Gewalt am Sport. Doriwwer eraus bekëmmert sech d’ALIS ëm d’Lutte géint Manipulatioun am Sport.

Béides géing een zu Lëtzebuerg untreffen, betount de Loïc Hoscheit. Et ass awer de Volet vun der Gewalt, deen ee prioritär ugeet.

“Mir wëllen de Safeguarding prioritär ugoen. D’Gewalt ass present an der Gesellschaft. Mir wëllen elo proaktiv dee Problem ugoen a kierperlech, psychologesch a sexuell Gewalt bekämpfen.”

Den ALIS-Direkter erkläert, datt een an deem Beräich scho gutt opgestallt wier. Zënter Enn 2023 ass duerch de Koalitiounsaccord gewosst, datt déi fréier ALAD dësen Aufgabeberäich iwwerdroe kritt. Dofir hätt een och scho mat enger ganzer Rei Partner zesummegeschafft - Sportdokteren, COSL, Sportslycée, Sportsministère - an e geneeën Oflaf festgeluecht, fir vum éischten Dag un op all méigleche Fall virbereet ze sinn.

Eng Dose Fäll zënter dem Summer 

Et goufen der neier Agence awer souguer schonn eng Dose Fäll zougedroen, esou de Loïc Hoscheit.

“Zënter leschtem Summer hu mir eng Dose Meldungen erakritt, déi all Zorte vu Gewalt betreffen, Jonker a manner jonker, Männer a Fraen, Eenzelsportler a Kollektivsportler. Also vu bis.”

D’Demande fir esou ee Service wier also do, seet de Loïc Hoscheit. An Zukunft kann ee sech anonym iwwer hiren Internetsite mellen, oder per Mail oder Telefon. Aktuell géingen zwee spezialiséiert Mataarbechter fir dee Beräich bei der ALIS schaffen.

Nei Ulafstell soll d'Hemmschwell bei jonke Leit erofdrécken 

Wann eng Persoun sech mellt, da géing een de Fokus och direkt op dee Mënsch leeën. Et bräicht scho vill Courage sech iwwerhaapt ze mellen, mierkt de Loïc Hoscheit un.

Da gëtt eng Enquête an d’Weeër geleet an eng Analys um Terrain duerchgeféiert.

“Et ass eist laangfristegt Uleies, datt esou Situatioune sech net widderhuelen. Mir wëllen d’Problemer un der Wuerzel ugoen.”

Hir Interventiounen halen awer do op, wou der Police an dem Parquet hir Responsabilitéit ufänkt. Mee grad jonk Leit hätten net méi de Reflex, direkt bei d’Police ze goen. Dofir wier et wichteg, eng nei Ulafstell ze hunn, seet den ALIS-Direkter.

“Et sinn Hemmschwellen do, déi existéieren. A mir sinn dofir do, déi erofzesetzen, oder ze kucken, datt déi verschwannen.”

ALIS setzt op de gudde Wëlle vun alle Bedeelegten

De prominente Fall ronderëm den Ex-Nationaltrainer vun der Dammennationalekipp, den Dan Santos, wier e gutt Beispill, wou d’Spillerinne sech hätte kéinte bei der ALIS mellen, seet de Loïc Hoscheit.

Am Fall Dan Santos huet d’FLF direkt Konsequenze gezunn an den Trainer entlooss. Wat awer, wann eng Federatioun net kooperéiere wëllt?

“Mir sinn haut op engem Modell ukomm, wou mir grousst Vertrauen dran hunn, datt e gemeinsame Wëllen do ass fir Ännerungen an de System ze bréngen. Mir wëllen eng kollaborativ Approche benotzen, op Basis vu Recommandatiounen an engem Accompagnement, an iwwer laang Dauer schaffen a kucken, wou potentiell Problemer leien.”

Dee Modell hätt ee sech ënner anerem an Australien ugekuckt, an do géing et ganz gutt funktionéieren, betount de Loïc Hoscheit.

Eng Alternativ wier eng national Schlichtungsstell, mee dat wier “net den Tenor”, deen ee wéilt ugoen.

Online-Sportswetten: Risiko vu Manipulatioun a Korruptioun   

D’Manipulatioune vu Competitioune géing zu Lëtzebuerg “ënner dem Radar” lafen. Mee kleng Arrangementer weekends um Terrain, oder eng kleng Enveloppe ënner dem Dësch getosch, dat wier et schonn ëmmer ginn, seet den Direkter vun der neier Agence.

Duerch Online-Sportswette wier de Problem awer ëmmer méi omnipresent ginn, och zu Lëtzebuerg.

“Et kann een op Lëtzebuerger Competitioune wetten. Dat mécht d’Dieren op fir kritesch Situatiounen, wou Sportler kënne manipuléiert ginn. Et kënnt och zu Korruptioun oder Geldwäsch.”

De Loïc Hoscheit betount: Scho beim klengste Verdacht soll ee sech mellen, an net ze laang waarden.

play_arrow Lauschteren