De Me. Prum schwätzt vun enger graver Atteinte op d'Prinzippie vum Rechtsstaat. Säi Mandant géif all d'Virwërf zeréckweisen. Et géif sech ëm anonym Denonciatiounen handeleren, ouni Fakten. Paralell wieren eng granz Rei prozedural Reegelen net agehale ginn.
Sengem Mandant säi Ruff wier geschiedegt ginn.
Virworf wéinst onnéidegen Operatiounen
Aner Dokteren aus dem CHL hate sech iwwer seng medezinesch Behandlunge beschwéiert. Den Orthoped kritt virgehäit, Operatiounen u Knéie gemaach ze hunn, ouni datt déi néideg waren. Dat wier opgefall, well déi Patienten duerno an den CHL iwwerwise goufen.
Fir wéi laang den Dokter suspendéiert ass, ass net genannt. A senger Praxis kann den Dokter iwwerdeems weider praktizéieren, esou laang hien d‘Autorisatioun dofir huet.
D‘Martine Deprez hat um Donneschdeg an der Chamber drop higewisen, datt de Fall analyséiert gëtt. Esou laang gëllt d'Presemption d‘innonce.