arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ CGFP fuerdert keng privatrechtlech Reegele fir national Zentral

Gesondheetswiesen

|
headphones

1 min

CGFP fuerdert keng privatrechtlech Reegele fir national Zentral

Den ëmstriddene Gesetzesprojet iwwer eng national Zentral fir Meidkamenter a Gesondheetsproduiten steet um Donneschdeg zum Vott an der Chamber. D‘CGFP huet eng Schlichtungsprozedur ageleet, well e Sozialdialog net méiglech wier.

headphones

1 min

Protestmanifestatioun vun der CGFP de 25. Juni 2025  | © Jacques Ganser
Protestmanifestatioun vun der CGFP de 25. Juni 2025 (Foto: Jacques Ganser)

D‘Gesondheetsministesch hätt bis elo net op hir Demande fir e Gespréich geäntwert. Déi Demande wier de 15. Mee schonn u si gaangen.

Fir d‘Staatsbeamtegewerkschaft ass dee Projet och e schwéieren Ugrëff op d‘Fonction publique an op de Sozialdialog zu Lëtzebuerg. An engem Communiqué heescht et, datt et fir d‘CGFP inakzeptabel ass, datt déi national Zentral fir Medikamenter a Gesondheetsproduiten an Zukunft ënner privatrechtleche Reegele soll lafen. 

Bis elo war d‘Direction de la Santé dofir responsabel.

D‘CGFP gesäit doranner net nëmmen eng geféierlech Entwécklung, mee och e Verstouss géint de Gehälteraccord vun 2002.