Dem Besetzer vum Hond gouf ënner anerem wéinst Infraktiounen zum Hondsgesetz de Prozess gemaach. Donieft soll säin American Staffordshire confisquéiert ginn.
Am August 2022 hat deen Hond an engem Park um Lampertsbierg en aneren Hond ugegraff an deem seng Besëtzerin gebass. Dem Vertrieder vum Parquet no hätt den Ugekloten als Verurteelten esou e Lëschtenhond guer net dierfen hunn. D’Urteel gëtt den 30. Mee gesprach.