Si fuerderen eng Enquête iwwert méiglech Verstéiss géint d‘Reegele bei de Parlamentswalen d‘leschte Samschdeg a Georgien. Déi prorussesch Regierungspartei “Georgeschen Dram” gouf vun der Walkommissioun als Gewënner deklaréiert. Déi pro-europäesch Presidentin an d’Oppositioun soen d‘Resultat wier gefälscht an erkennen et net un. A Georgien hu gëschter zéngdausende Leit virum Parlament zu Tiflis protestéiert an eng Widderhuelung vun de Wale gefuerdert.
An hirem Pressecommuniqué kritiséieren d’EU Ministeren a Ministerinnen och d‘Visitt vum ungaresch Premier Viktor Orban a Georgien. Hie géif hei NET fir d‘EU schwätzen. Ungarn huet den Ament d‘EU Presidence. De Viktor Orban ass gëscht a Georgie gereest a soll haut de Premier Irakli Kobachidse begéinen. Den Orban hat him als e vun den éischte fir seng Wal-Victoire gratuléiert.