Radioen

On air

Notturno  |  Lady Wray - Piece Of Me (Remix) Feat. Ghostface Killah

play_arrow Live
search

/ Georges Mischo ass zouversiichtlech, datt et net zu engem Generalstreik wäert kommen

Aarbechtswelt

Georges Mischo ass zouversiichtlech, datt et net zu engem Generalstreik wäert kommen

Déi zwou gréisst Gewerkschaften OGBL an LCGB hate virun 2 Deeg domat gedreet, sollte si hir Acquise bei de Verhandlungen ëm d’Kollektivverträg verléieren. Hannergrond ass, datt den Aarbechtsminister ënnert anerem proposéiert hat, d’Kollektivverträg an Zukunft och ouni Gewerkschafte kënnen auszehandelen.

auto_stories

1 min

Georges Mischo | © Chris Zeien
Georges Mischo (Foto: Chris Zeien)

Elo hofft de Georges Mischo, datt d’Gewerkschafte geschwë fäerdeg wiere mat hiren "martialeschen Téin".

"Also ech bedaueren se. Ech bedaueren se, mee wéi gesot, d’Gewerkschafte sinn an hirem Rôle do. An datt een da perséinlech Attacke reit, fannen ech net flott. Mee dat geheit mech awer elo net ëm."

Hie wier fir säin Deel op alle Fall bereet den Dialog mat de Gewerkschafte weider ze féieren, sou de Geoerges Mischo.