Radioen

On air

De Weekend  |  Eugène Ionesco: E Pilier vum absurden Theater

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Géigesätzlech Aussoen zu de Verhandlungen iwwer eng Wafferou

Noen Osten

Géigesätzlech Aussoen zu de Verhandlungen iwwer eng Wafferou

Bei de Verhandlungen iwwer eng Wafferou an der Gazasträif géifen et Fortschrëtter ginn. Dat huet déi ägyptesch Tëleeschaîne Al-Kahera News gemellt. D'Hamas deelt dës Meenung awer net.

auto_stories

1 min

Gazasträif | © picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi
Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi

D'Tëleeschaîne aus Ägypten huet sech op en héijen ägyptesche Vertrieder beruff, dee sot, datt et Hoffnung géif gi fir een Accord tëscht Israel an der Hamas.

Och israeelesch Medie mellen, datt béid Säite méi Flexibilitéit gewisen hätten. Eng offiziell Confirmatioun gëtt et awer nach net.

D‘Hamas gesäit et awer anescht. Een héichrangege Vertrieder vun der islamistescher Organisatioun sot der dpa, datt et keng Fortschrëtter géife ginn. Déi israeelesch Delegatioun wier onflexibel.

Déi israeelesch Arméi huet dann och matgedeelt, datt ee Kommandant vun der Elite-Unitéit vun der Hisbollah bei enger israeelescher Loftattack am Süde vum Libanon hënt ëm d‘Liewe komm wier.