Wéinst dem grousse Betrib war de Site e Freideg dee ganzen Dag iwwerlaascht an et goufe Feelermeldungen ugewisen. Dat dat d‘Chamber confirméiert.
Dës Petitioun ass d'Reaktioun op eng aner Petitioun (3198) déi fuerdert, datt LGBTQIA+ Sujeten an der Schoul net sollen thematiséiert ginn. Déi huet no 14 Deeg, zanter se lancéiert ass, 9.000 Ënnerschrëfte kritt.
Souwuel d‘Queer Communautéit wéi och de Centre pour l’égalité de traitement (CET), den nationale Resistenzmusée oder och de CID Fraen a Gender, fäerten datt duerch d'Petitioun Nummer 3198 de Risk vun Diskriminatioun géint Leit aus der LGBTQIA+-Communautéit géif klammen.
Béid Petitioun wäerten ëffentlech an der Chamber diskutéiert ginn, méiglecherweis zesummen.