D‘USA sinn am gaangen hir Militärpresenz an der Regioun ze verstäerken. Europäesch Länner ewéi Däitschland, Groussbritannien a Frankräich hunn un hir Landsleit appelléiert, den Iran ze verloossen, an hunn och virun aktuelle Reesen an d'Land gewarnt.
Iwwerdeems huet Israel gëschter nach emol d‘Interventioun an der Gazasträif an och op d‘Positioune vun der Hisbollah am Libanon verstäerkt. Dat mat massive Rakéitenattacken.