arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gefligel-Bauere: Vullegripp bedrot d'Existenz

Vullegripp

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Gefligel-Bauere: Vullegripp bedrot d'Existenz

Fir d’Lëtzebuerger Gefligel-Bauere gëlle wéinst der Vullegripp streng Reegelen. Nodeems eng Rei Fäll vu Vullegripp hei am Land festgestallt goufen, mussen si elo speziell Precautiounsmoossnamen op hiren Häff anhalen. D’Situatioun wier fir d’Hinger an och fir d’Baueren net einfach.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Wéinst de Precautiounsmoossnamen déi den Ament gëllen, dierfen d’Hinger net fräi op der Wiss ronderëm lafen. Dat soll evitéieren dass si mat Wëllvullen a Kontakt kommen. Um Haff vum Lynn Emering zu Sprénkeng lafen d’Hinger dofir an enger Zort Veranda ronderëm. Fir d’Hinger wier dat eng grouss Ëmstellung:

"Bei esou enger Situatioun, wou et op eemol heescht, se däerfen elo vun engem Dag op deen aneren net méi erausgoen, kann dat schonn zu enger Stresssituatioun fir déi Déiere féieren. A Stress ass ni gutt fir Hénger. Dat kann sech ganz séier op hiert Immunsystem ausüben."

Fir d’Hinger méiglechst gutt virun der Vullegripp ze schützen, géif Si och hir eege Kleeder desinfizéieren éiert si bei d’Hinger an de Stall geet, sou d’Lynn Emering weider. Et wier wichteg d’Hinger virun der Vullegripp ze schütze well déi sech ganz séier an engem Stall kéint verbreede soubal een Déier infizéiert ass:

"Ech menge wa wierklech esou e Fall géif antrieden, dass déi Déieren sech géifen infizéieren dann ass déi eenzeg Optioun, déi bleift eeben d'Keulen. A fir och dee Moment dem Déierewuel gerecht ze ginn. Mir wëllen och net, dass déi Hénger leiden. A wann dee Fall wierklech géif antrieden, da kann ee vu bis zu sechs Méint schwätzen, wou een do awer Verloscht mécht."

Fir en Haff wéi dee vum Lynn Emering, mat 6000 Hinger, kéint d’Vullegripp dofir souguer existenzberodend sinn erkläert si weider:

"Mir hoffen natierlech, dass et do eng Hëllef vum Ministère an esou engem Fall géif ginn, mee dat ass awer e Lach, wat engem do wärend Méint feelt, wat net esou einfach erëm ass, dat opzefëllen."

Bis ewell hat d’Lynn Emering nach kee Fall vu Vullegripp op hirem Haff. Well am Ausland awer scho vill Fäll vun der Vullegripp festgestallt goufen, stellt d’Lynn Emering sech drop an, dass d’ Precautiounsmoossnamen nach e bësse wäerten unhalen. 

play_arrow Lauschteren