arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Geféierlech Bakterien a Puddermëllech: Foodwatch mécht Plainte bei Paräisser Parquet

Gesondheet

|
headphones

1 min

Geféierlech Bakterien a Puddermëllech: Foodwatch mécht Plainte bei Paräisser Parquet

No enger Rei vun Doudesfäll nom Konsum vu Bëbeemëllech huet déi europäesch Associatioun Foodwatch zesumme mat aacht betraffene Familljen elo eng Plainte beim Parquet zu Paräis agereecht.

headphones

1 min

© picture alliance / dpa Themendienst | Andrea Warnecke
(Foto: picture alliance / dpa Themendienst | Andrea Warnecke)

D‘Plainte riicht sech géint Onbekannt, well d‘Mëllech mat der toxescher Substanz weltwäit verkaf gouf an d‘Bëbeeën domadder a Gefor bruecht goufen. Hir Gesondheet wier op d‘Spill gesat ginn. Weltwäit hate Konzerner wéi Nestlé, Danone a Lactalis hir Produiten zeréck geruff. Och zu Lëtzebuerg. 

Foodwatch no wier dat ze spéit geschitt. De franséische Gesondheetsminister huet iwwerdeems erkläert dat bis elo nach keen direkten Zesummenhang tëscht de Krankheetsfäll an der Mëllech konnt nogewise ginn.