Radioen

On air

Moiesstudio  |  Paul Hammelmann

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gedenkzeremonien un den D-Day och mat Lëtzebuerger Bedeelegung

Normandie

Gedenkzeremonien un den D-Day och mat Lëtzebuerger Bedeelegung

Haut virun 80 Joer war den D-Day. Et war den Ufank vum Debarquement vun den alliéierten Truppen an der Normandie, wou haut Gedenkzeremonië sinn. Fir Lëtzebuerg huelen de Grand-Duc Henri, de Premier Luc Frieden, de Chamberpresident Claude Wiseler, d'Defenseministerin Yuriko Backes an den Arméichef Steve Thull deel.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

Normandie D-Day Festivitéiten | © picture alliance / NurPhoto | Artur Widak play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Artur Widak

Erënnert gëtt un all déi jonk Zaldoten, mee och un déi zivil Affer vun där kruzialer Offensiv an der massiver Mobiliséierung iwwer d’Loft an iwwer d’Mier, déi zur Befreiung vu Westeuropa an der Victoire géint Nazi-Däitschland geféiert huet.

156.000 Zaldoten a Parachutisten hunn um Debarquement an der Normandie um D-Day participéiert. D’Offensiv Neptune war eng wichteg Phas vun der Operatioun Overlord mam Zil, an der Normandie Zaldoten a Militärequipementer iwwer d’Mier an iwwer mobil Häfen ze schécken.

Um D-Day selwer waren US-Zaldoten, Britten a Kanadier bedeelegt. Déi Deeg a Méint duerno och Fransousen, Lëtzebuerger a Polen.

Wichteg war et, déi massiv Invasioun vu Frankräich geheim ze halen. Eppes wat reusséiert ass. Déi däitsch Wehrmacht an d’Luftwaffe ware guer dorop preparéiert. Et war eng decisiv Operatioun fir dat drëtt Räich ze bekämpfen.

Éischt Zeremonië gëschter an England

De brittesche Kinnek Charles huet gëschter zu Portsmouth un déi erënnert, déi de 5. Juni 1944 fortgaange sinn, fir den Nazi-Regimm ze bekämpfen. Hire Courage, hire Widderstand an d’Solidaritéit sollen an Erënnerung bleiwen.

Haut sinn a Frankräich an der Normandie d’Haaptzeremonië fir un de 6. Juni 1944 ze gedenken.

Zu Lëtzebuerg wäerten d'Klacke lauden

Am Calvados zu Ver-sur-Mer ass eng franséisch brittesch Gedenkfeier a Presenz ënner anerem vum brittesche Kinnek an dem franséische President Emmanuel Macron. Zu Colleville-sur-Mer ass et eng franséisch an amerikanesch Zeremonie, un där och den US-President Joe Biden deelhëlt.

De Mëtteg ass zu Saint-Laurent-sur-Mer, um Omaha Beach, dann déi international Gedenkfeier a Presenz vu 25 Staats- a Regierungscheffen. Invitéiert ass och den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj.

Fir Lëtzebuerg huelen de Grand-Duc Henri, de Premier Luc Frieden, de Chamberpresident Claude Wiseler, d'Defenseministerin Yuriko Backes an den Arméichef Steve Thull deel.

Um 19:44 Auer wäerten dann och zu Lëtzebuerg d’Klacke lauden. De Bistum huet matgedeelt, datt de Collectif normand des clochers de la liberté d’Poren dozou oprifft, zesummen d’Klacke lauden ze loosse fir d’Erënnerung, d’Fräiheet a fir de Fridden. 

Lauschterenplay_arrow