De Parlamentspresident Claude Wiseler huet vun engem Schock geschwat, och wann ee gewosst hätt, datt den CSV-Deputéierte krank war.
“De Max huet iwwerall e ganz déift Lach hannerlooss, virop bei senger Famill a senge Frënn, mee och hei an der Chamber, an net nëmmen a senger Partei a Fraktioun, mee queesch duerch all politesch Parteien, a senger Gemeng an an de Veräiner.”
De Max Hengel wier mat Begeeschterung Deputéierte gewiescht a souguer krank op de Krautmaart komm, fir vereedegt ze ginn. Den Ost-Deputéierten a Buergermeeschter vu Wuermer hätt de Leit an der Chamber gesot gehat, datt hie krank wier, awer net, wéi krank datt hie wier. Hien hätt gekämpft, ni geklot a géif feelen, sou de Claude Wiseler.
Nieft dem Chamberpresident hunn och nach den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz an de Premier Luc Frieden un de Max Hengel erënnert.