Radioen

On air

De Weekend  |  Future Islands - Glimpse

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'USA fuerderen eng Waffepaus an der Gazasträif

Katastrophal humanitär Siuatioun

D'USA fuerderen eng Waffepaus an der Gazasträif

Wéinst der humanitärer Situatioun an der Gazasträif huet den US-amerikanesche President Joe Biden de Vermëttler Katar gefrot, Drock op déi radikal islamesch Hamas-Beweegung ze maachen, fir een Accord ze iwwert eng Waffepaus an der Gazasträif ze fannen. Um Dësch läit eng Propos fir eng Waffepaus vu 6 Wochen an der Fräiloossung vu 40 Geiselen.

auto_stories

1 min

USA Helikopter | © picture alliance / NurPhoto | Bryan Olin Dozier
Foto: picture alliance / NurPhoto | Bryan Olin Dozier

Ouni zousätzlech Hëllefsliwwerungen dreet an der Gazasträif eng katastrophal Hongerskris, sou den UN-Generalsekretär Antonio Guterres zu New York. Kanner an der Gazasträif stierwen haut, well se net genuch Iessen a Waasser hunn, sot hien. Wann d‘Dier fir Hëllef zou bleift, da geet d‘Dier op fir d‘Verhéngeren. Méi wéi eng Millioun Mënschen, ronn d‘Hallschent vun der Bevëlkerung wiere vun Honger bedreet. De Krich an der Gazasträif huet viru knapp 6 Méint ugefaangen. No Drock vun den USA huet Israel dann elo weider Zougäng fir humanitär Hëllef an der Gazasträif annoncéiert.