Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Babeheaven - The Hours

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Léon Gloden: Privatmiliz op der Gare "kënnt net an d'Tut"

Net Genuch Sécherheetsgefill?

Léon Gloden: Privatmiliz op der Gare "kënnt net an d'Tut"

Verschidde Bewunner vum Garer Quartier dreeë mat enger Biergermiliz, déi sech ëm d’Sécherheetsgefill am Quartier këmmere soll. Et wier e leschten Opruff un d’Regierung an d’Stater Gemeng, d’Situatioun an de Grëff ze kréien. Wéi reagéieren dann déi eenzel Acteuren? 

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Archiv

“Mir sinn um Enn mat onser Gedold, kee fillt sech verantwortlech a kee mécht eppes”. Mat dëse Wierder deelt ee Bewunner vum Garer Quartier säi Frust op de soziale Medie mat. Grond wier ënnert anerem d’Deale virun den Hausdieren oder nach Dreck a Material fir den Drogenkonsum, dee virun de Wunnhaiser leie gelooss gëtt, heescht et an deem Post.

Hondspatrullen a 24/24 op

Den Inneminister Léon Gloden weist sech am 100,7-Interview verständnesvoll. Hie géif d’Suerge vun de Bewunner a Bewunnerinnen héieren a verstoen. Eng Biergermiliz wier awer net ze toleréieren.

“Also mir sinn ëmmer frou, wann eng konstruktiv Zesummenaarbecht besteet. (...) An dat ass och begréissenswäert an dat wëlle mir och weider natierlech ënnerstëtzen. Mee an engem Rechtsstaat ass keng Plaz fir eng Privatmiliz. Dat kënnt net an d'Tut.”

Fir d’Situatioun op der Gare ze verbesseren, wäerten an Zukunft méi Hondspatrullen ënnerwee sinn, esou de Léon Gloden. Eng weider wichteg Mesure: D’Garer Policekommissariat soll viraussiichtlech vu Juni u 24 op 24, a 7 op 7 fir de Public op sinn, erkläert den Inneminister. 

“Mir musse weider Efforte maachen an der Police judiciaire, fir datt mir och deene Reseauen op d'Schliche kommen. A wéi gesot, d'Leit erwaarden och vun der Justiz, datt déi Leit, déi gepëtzt ginn, a wa se dann enger Infraktioun gemaach hunn, datt se dann dann och vun der Justiz poursuivéiert ginn.”

Positioune vun der Gemeng an der Justiz

Och d’Stater Buergermeeschtesch fënnt, datt et elo un der Justiz wier, d’Situatioun ze geréieren. D’Police géif jo hir Aarbecht maachen, huet d’Lydie Polfer lescht Woch am 100,7-Interview erkläert.

"Si schreiwen op, si huele fest, (si mierken), datt do Saache geschéien, déi net an der Rei sinn. Mee wa si duerno klasséiert ginn (...), dat gëtt d'Gefill vun der Impunitéit, vun der Stroflosegkeet, souwuel fir déi, déi déi Saache maachen, wéi och fir d'Leit, déi dat do gesinn a mat verfollegen."

E Grond dofir, datt d’Infraktiounen net poursuivéiert ginn, wier, datt ronn 32 Poste bei der Justiz net besat wieren, huet d’Procureure générale d’État, d’Martine Solovieff, scho leschte Mëttwoch um Neijoerschpatt vun der Justiz gesot.

“Si versteet jo, dass et ganz einfach ze soen ass: 'D'Justiz ass lues.' D'Justice pénal, déi kämpft géint d'Evolutioun vun der Kriminalitéit a vun der Technizitéit vun de Mëttelen, déi agesat ginn. Mir musse mat Prioritéite schaffen, wat jo evident ass, a mir mussen eis haaptsächlech op déi grouss Kriminalitéit an de Stied konzentréieren.”

Et misst een och nach d’Prozeduren iwwerschaffen. Deem stëmmt den Inneminister och zou. An och den Informatiounsaustausch mat de Nopeschlänner bei der Bekämpfung vun der Drogekriminalitéit soll intensivéiert ginn, esou nach de Léon Gloden.

Lauschterenplay_arrow