Radioen

On air

Notturno  |  Actarus - Aikido

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ G7-Treffen: Ukrain soll agefruere russesch Gesamtverméige fir Verdeedegung kréien

G7-Sommet

G7-Treffen: Ukrain soll agefruere russesch Gesamtverméige fir Verdeedegung kréien

D‘Staats- a Regierungscheffe vum G7-Grupp si vun haut un an Italien zesummen. Si versichen do en Accord ze fannen, fir der Ukrain agefruere russesch Staatsverméige fir hir Verdeedegung géint Russland kënnen zur Verfügung ze stellen.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / dts-Agentur | -

Um G7-Sommet soll den US-President Joe Biden haut och mam ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj e Sécherheetsaccord tëschent den USA an der Ukrain ënnerschreiwen. Dësen Accord soll eng laangfristeg Ënnerstëtzung vun den USA fir d'Ukrain ofsécheren.

D'Klimakris an d'Energietransitioun sinn an den nächsten Deeg weider Sujeten um G7-Sommet. Fir d'éischte Kéier wäert och de Poopst um G7 deelhuelen.

De G7-Grupp besteet aus de 7 gréissten entwéckelte Wirtschaftsmuechten: USA, Groussbritannien, Däitschland, Frankräich, Italien, Kanada a Japan.

NATO-Verdeedegungsminister:inne beroden iwwer Ënnerstëtzung fir d'Ukrain

D‘Verdeedegungsminister:innen aus den 32 NATO-Staate sinn haut nees zu Bréissel zesummen. Si beroden iwwer dee geplangten Ausbau vun hirer Ënnerstëtzung un d'Ukrain. Haaptpunkte sinn dobäi d'Koordinatioun vun de Waffeliwwerungen an d'Formatioun vun ukraineschen Zaldoten.