Deemno gëtt de 24 Joer ale Mëttelfeldspiller bis de Summer vu sengem aktuelle Club Greuther Fürth aus der zweeter däitscher Liga ausgeléint. De Grazer AK huet sech iwwerdeems eng Kafoptioun geséchert.
Bei Fürth hat de Lëtzebuerger seng Stammplaz no engem Trainerwiessel verluer. Hie wäert elo versiche beim Tabelleneelefte vun der éisträichescher Bundesliga méi Asazzäiten ze kréien.
Fir d'Rout Léiwe kënnt de Mathias Olesen op 36 Lännermatcher.